
Kooperativ fir erneierbar Energien am Kanton Gréiwemaacher
De LEADER Miselerland ass zesumme mat senge Membersgemengen dobäi, eng Kooperativ fir erneierbar Energien am Kanton Gréiwemaacher op d’Been ze stellen, déi vu Bierger aus der Regioun gegrënnt a gedroe gëtt.
D‘Iddi fir de Projet gouf vun engem regionalen Aarbechtsgrupp, deen de LEADER Miselerland mat de Klimaberoder vun de 14 Membersgemenge lancéiert hutt, ausgeschafft.
Duerch Investitioune vu private Memberen, solle Fotovoltaik-Anlagen op Diecher vun ëffentlech Gebaier vun d‘Gemengen am Miselerland finanzéiert, opgeriicht a geréiert ginn.
D’Kooperativ hofft, aus all Gemeng mindestens ee Grënnungsmember ze gewannen, deen och reegelméisseg un de Reuniounen deel hellt.
Falls Dir interesséiert sidd als Grënnungsmember an dëser Kooperativ matzewierken oder nach weider Froen zum Projet huet, da mellt Iech w.e.g. op der Gemeng ënnert dem 77 02 04 – 1.

Des articles de la même catégorie
Réception des factures communales via Myguichet
Zënter dem 9. Februar 2026 kënnen d’Awunnerinnen an Awunner hir Facturen och direkt an hirem perséinleche Myguichet-Beräich opruffen. Dëse Service erlaabt eng einfach, séier a sécher Gestioun vun alle Facturen, déi vun der Gemengeverwaltung Fluessweiler ausgestallt...
Route barrée 23/03/26 – 27/03/26 – entre Flaxweiler et Dreiborn
Mir informeieren Iech dass den CR122 tëscht Fluessweiler an Dräibuer (Wäissbaach) vum 23/03/2026 bis 27/03/2026 tëscht 9 Auer an 16 Auer gesparrt ass, dëst weinst Baamfäll-Aarbechten. (Foto C,2a) D'Streck ass also ausserhalb vun den Aarbechtzaiten op. Eng Deviatioun...



