Schatzsich

Wanderwee mat Schatzsich fir Kanner ab 6. Joer

D’Ëmweltkommissioun Fluessweiler huet och dëst Joer erëm e flotten Wanderwee mat Schatzsich fir Kanner ab 6. Joer organiséiert.

Vum 18. Juli bis de 15. September fannt Dir um Depart beim Wäschbuer zu Nidderdonwen (rue Scheed) eng Enveloppe mat allen néidegen Informatioune wat de Wee, d’Froen an d’Spiller um Wee uginn. Dës Enveloppe kënnt dir Iech ab dem 18. Juli aus enger Këscht nieft dem Wäschbuer zu Nidderdonwen eraushuelen a “d’Schatzsich” ka lassgoen.
Et ass keen Tour mat engem Guide an Dir kënnt de Wee goe wéini dir wëllt a braucht iech heifir net unzemellen. Hënn si wëllkomm, sollten awer un der Léngt gehale ginn. Parkplaze fannt Dir an der rue Scheed.
De Parcours ass net fir Poussette gëeegent.
Op der Arrivée waart eng Belounung fir déi kleng Wanderer an enger Schatzkëscht.
Falls Dir nach Froen hutt, kennt dir Iech gäre bei der Ëmweltkommissioun (emweltkommissioun@flaxweiler.lu) mellen.
Mir wënsche ganz vill Spaass!
[lmt-post-modified-info]

Des articles de la même catégorie

Vandalisme à Gostingen

Vandalisme à Gostingen

Leschte Weekend ass d'Bushaische beim Busarrêt "Am Ennerduerf" zu Gouschteng mat enger Rei Graffiti beschmiert ginn. Falls Dir eppes sollt gesinn hunn, da mellt Iech w.e.g. bei der Police Museldall per Telefon (+352 244 70 1000) oder per E-Mail...

lire plus
Aller au contenu principal