Kooperativ fir erneierbar Energien am Kanton Gréiwemaacher

De LEADER Miselerland ass zesumme mat senge Membersgemengen dobäi, eng Kooperativ fir erneierbar Energien am Kanton Gréiwemaacher op d’Been ze stellen, déi vu Bierger aus der Regioun gegrënnt a gedroe gëtt.
D‘Iddi fir de Projet gouf vun engem regionalen Aarbechtsgrupp, deen de LEADER Miselerland mat de Klimaberoder vun de 14 Membersgemenge lancéiert hutt, ausgeschafft.
Duerch Investitioune vu private Memberen, solle Fotovoltaik-Anlagen op Diecher vun ëffentlech Gebaier vun d‘Gemengen am Miselerland finanzéiert, opgeriicht a geréiert ginn.
D’Kooperativ hofft, aus all Gemeng mindestens ee Grënnungsmember ze gewannen, deen och reegelméisseg un de Reuniounen deel hellt.
Falls Dir interesséiert sidd als Grënnungsmember an dëser Kooperativ matzewierken oder nach weider Froen zum Projet huet, da mellt Iech w.e.g. op der Gemeng ënnert dem 77 02 04 – 1.

Des articles de la même catégorie

Fermeture exceptionnelle mardi matin, le 15.09.2026

Fermeture exceptionnelle mardi matin, le 15.09.2026

Mir informéieren Iech, dass d'Gemengeverwaltung ausnamsweis en Dënschdeg, de 15. September 2026 moies zou ass. Nous vous informons que l’administration communale sera exceptionnellement fermée le matin du mardi 15 septembre 2026. Wir möchten Sie darüber informieren,...

lire plus
Aller au contenu principal