Aweiung vun zwou abordabel Wunnengen zu Gouschteng

An der Präsens vum Wunnengsbauminister Henri Kox huet d’Gemeng Fluessweiler e Méinden zwou abordabel Wunnengen zu Gouschteng ageweit.

Des Wunnenge mat jeeweils 3 Schlofkummeren déi am Kader vum Renovatiounsprojet « Néckelseck » vun der Gemeng kaf goufen, sollen elo Famille mat méi niddregem Akommes den Accès op de Logementsmarché vereinfachen. De Projet gëtt vum Ministère du Logement subsidéiert.

D’Gemeng Fluessweiler huet domadder elo insgesamt 12 abordabel Wunnengen an der Gemeng.

Des articles de la même catégorie

Repair Café – 18/01/2025 zu Fluessweiler

Repair Café – 18/01/2025 zu Fluessweiler

Den 18. Januar 2025 organiséiert eist Klimateam an Zesummenaarbecht mat der Repair Café Lëtzebuerg asbl e Repair Café zu Fluessweiler am Festsall. Vun 9h00 bis 13h00 kann een zesumme mat de fräiwëllege Repairern seng futtis Saache (z.B. Vëloen, Computer, Textil,...

lire plus
Vacance de poste: 1 Salarié à tâche manuelle (m/f)

Vacance de poste: 1 Salarié à tâche manuelle (m/f)

Vacance de poste   L’Administration communale se propose d’engager pour les besoins du service régie communal : 1 salarié à tâche manuelle (m/f) Ouvrier polyvalent sous le statut du salarié communal, groupe de salaire B, à temps plein et à durée indéterminée...

lire plus
Aller au contenu principal