Ausstellung iwwer Konscht an Handwierk

D’Jugend-, Sport- a Fräizäitkommissioun vun der Gemeng Fluessweiler organiséiert eng Ausstellung iwwer Konscht an Handwierk.

D’Awunner aus der Gemeng Fluessweiler kréien d’Méiglechkeet hier kënstleresch Oder an enger Ausstellung denen anere Leit ze presentéiren.

De Beräich „Konscht“ ass breet gefächert a geet vu Molerei iwwer Fotografie, Holzschnëtzerei a villes méi.

Wéini ass dat? Um verlängerte Weekend vum 28. Abrëll – 1. Mee 2023.

Wien dierf matmaachen? Den Alter spillt keng Roll. Jiddereen dee kënschtlerech begaabt ass, dierf sech gär mellen.

Wéi kann ech matmaachen? Mat engem Mail op jsfk.fluessweiler@gmail.com

Des articles de la même catégorie

Joyeuse Entrée

Joyeuse Entrée

De Freideg, den 2. Oktober 2026, empfänkt eis Regioun de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse zu Éinen "um Puddel" am Kader vun hirer Joyeuse Entrée. Hei fannt Dir de Programm an d’Informatiounen zu den Navetten.Le vendredi, 2 octobre 2026, notre région accueillera le...

lire plus
Aller au contenu principal