Op de Spuere vun eisem Waasser

Ënnert dem Motto „Op de Spuere vun eisem Waasser“ invitéiert de Schäfferot mat der Sport- Jugend- a Fräizäitkommissioun vun der Gemeng Fluessweiler Méindes den 1ten Mee vun 10h00 bis 14h00 op ee flotten Trëppeltour zu Uewerdonwen mat der Méiglechkeet de Waasserbaseng um Froumbierg ze besichen.
 
Bei der Visitt krit Dir vun engem Mataarbechter vun der Gemeng all Informatiounen an Erklärungen iwwert eist Waasser an de Waasserbaseng.
 
Jidderee kann esou ewéi hie well iwwer déi zum Deel fir de Verkéier gespaarte Stroossen zu Uewerdonwen starten.
Vun Uewerdonwen aus kënnt dir direkt iwwer d’rue Meechtem (fir de Verkéier gespaart; hin an zréck /-2km) oder Toschacker (Rondgang /-4km) op de Froumbierg bei de Waasserbaseng trëppelen.
Diere vum Waasserbaseng si vun 10h00 Auer bis 14h00 op.
 
Den 1. Mee fënnt zudeem vun 10h00 bis 17h00 eng Konscht- an Handwierkausstellung vu lokale Kënschtler am Centre culturel zu Uewerdonwen statt. Kommt bis era luussen. De Comptoire am Centre culturel ass op an d’Entente Uewerdonwen suergt fir Äert Wuel.

L'événement est terminé.

Date

Mai 01 2023
Expiré!

Heure

10:00 - 14:00

Lieu

Uewerdonven
Catégorie
QR Code
Aller au contenu principal