Konscht- an Handwierkausstellung

De Schäfferot mat der Sport-, Jugend- a Fräizäitkommissioun vun der Gemeng Fluessweiler invitéiere ganz häerzlech op eng Konscht an Handwierkausstellung mat lokale Kënschtler am Centre culturel zu Uewerdonwen.
 
De Vernissage ass e Freiden den 28. Abrëll um 19h00. D’Gemeng offréiert den Éierewäin.
Umeldunge bis Méindes, de 24. Abrëll per E-Mail (flaxweiler@flaxweiler.lu) oder um 77 02 04 – 1.
 
D’Ausstellung ass op:
  • Samschdes, de 29. Abrëll vu 14h00 bis 17h00
  • Sonndes, den 30. Abrëll vu 14h00 bis 17h00
  • Méindes den 1. Mee vun 10h00 bis 17h00
 
Wärend den Ëffnungszäite vun der Ausstellung suergt d’Entente Uewerdonwen fir Äert Wuel.
 
Kënschtler déi hier Wierker ausstellen:
  • Pascale Arendorff-Oé (Uewerdonwen)
  • Guy Hienckes (Fluessweiler)
  • Jil Mühlen (Gouschteng)
  • Rosy Penning (Gouschteng)
  • Tun Ruppert (Uewerdonwen

L'événement est terminé.

Date

Avr 28 2023 - Mai 01 2023
Expiré!

Heure

19:00 - 17:00

Lieu

Uewerdonven
Catégorie
QR Code
Aller au contenu principal