![](https://flaxweiler.lu/wp-content/uploads/2024/01/Burgbrennen-CDJ-Fluessweiler.jpg)
Buergbrennen zu Fluessweiler
Geschwënn ass et endlech nees souwäit, dann ass eist traditionellt Buergbrennen!
Kommt Sonndes, den 18. Februar an d’Héicht op déi al Buergplaz (49.664917, 6.332633)
D’Buerg gëtt um 19h00 ugefaangen!
Ab 18h00 si mir awer scho fir Iech do!
Zousätzlech maache mir de Gemengenkeller am Duerf ab 20h00 op. D’Entrée vum Gemengenkeller fann dir direkt niewent der Gemeng.
Op béide Plazen ass fir Iessen an Drénken gesuergt!
Samschdes, de 17. Februar hu mir eis Buergsteier duerch d’Duerf.
Hei gesitt dir eis klengt Kräiz um Won a kennt eis mat engem klengen Don ënnerstëtzen!
Mir sinn ab 13h00 ënnerwee!
Mir freeën eis op Iech!
![QR Code](https://flaxweiler.lu/wp-content/uploads/mec/qr_af4fc46661dbded729a1191d76345da1.png)