Schatzsich

Wanderwee mat Schatzsich fir Kanner ab 6. Joer

D’Ëmweltkommissioun Fluessweiler huet och dëst Joer erëm e flotten Wanderwee mat Schatzsich fir Kanner ab 6. Joer organiséiert.

Vum 18. Juli bis de 15. September fannt Dir um Depart beim Wäschbuer zu Nidderdonwen (rue Scheed) eng Enveloppe mat allen néidegen Informatioune wat de Wee, d’Froen an d’Spiller um Wee uginn. Dës Enveloppe kënnt dir Iech ab dem 18. Juli aus enger Këscht nieft dem Wäschbuer zu Nidderdonwen eraushuelen a “d’Schatzsich” ka lassgoen.
Et ass keen Tour mat engem Guide an Dir kënnt de Wee goe wéini dir wëllt a braucht iech heifir net unzemellen. Hënn si wëllkomm, sollten awer un der Léngt gehale ginn. Parkplaze fannt Dir an der rue Scheed.
De Parcours ass net fir Poussette gëeegent.
Op der Arrivée waart eng Belounung fir déi kleng Wanderer an enger Schatzkëscht.
Falls Dir nach Froen hutt, kennt dir Iech gäre bei der Ëmweltkommissioun (emweltkommissioun@flaxweiler.lu) mellen.
Mir wënsche ganz vill Spaass!

Des articles de la même catégorie

De Kleeschen zu Uewer- a Nidderdonwen

De Kleeschen zu Uewer- a Nidderdonwen

Léif Kanner vun Uewer- a Nidderdonwen Hei fann Dir d'Lidder, déi Dir fir de Kleeschen den 1. Dezember zu Nidderdonwen übe kënnt.Wann Problemer beim Opmaan vun der Datei mam QR-Code op dem Flyer ginn, fann Dir d'Lidder ganz einfach hei drënner. Vill Spaass beim Üben!...

lire plus
Tagesordnung der Gemeinderatssitzung – 26.11.24

Tagesordnung der Gemeinderatssitzung – 26.11.24

Der Gemeinderat ist gebeten sich am Dienstag, den 26. November 2024 um 8.30 Uhr im Gemeindehaus in Flaxweiler einzufinden zwecks Beratung nachstehender   TAGESORDNUNG: Einnahmeerklärungen. Genehmigung der neuen Statuten des Schulsyndikates Billek. Müllabfuhr : a)...

lire plus
Aller au contenu principal