Grillfest

Gouschtenger Pompjeeën & Gaart an Heem Gouschteng-Beyren

Mir freeën eis fir eist Grillfest de 04.08.2024 zu Gouschteng beim Centre Culturel ënnert dem Logo Green Event ze organiséieren. Et ass eis wichteg d’Ressourcen ze schounen a besonnesche Wäert op ëmweltbewosst Moossnamen ze leeën.

Dofir erfëlle mir follgend Krittären:

  • D’Iessen an d’Gedrénks wat mir ubidden ass gréisstendeels lokal, regional, saisonal, biologesch oder Fairtrade
  • Mir benotzen mehrweg Geschier wéi Telleren, Besteck, Schosselen, Glieser, Tasen a villes méi
  • Verpackungen a Plastik ginn op e Minimum reduzéiert
  • D’Offalltrennung gëtt respektéiert an d’Poubellë si gudd mat Schëlder markéiert
  • De Reschtoffall gëtt op e maximal reduzéiert a mir weisen och drop hin dat Äschebecher zur Verfügung stinn

Wat d’Mobilitéit ugeet biede mir Iech esou wäit et méiglech ass zu Fouss oder mam Vëlo ze kommen, Covoiturage ze maachen a vum ëffentlechen Transport ze profitéieren. D’Buslin 323 fiert och Sonndes an d‘Bushaltestell „bei der Kierch“ ass ganz nobäi. Fier wieder Detailer kuckt op www.mobiliteit.lu

Wieder Informatiounen zum Logo Green Events fannt Dir op www.greenevents.lu

 

 

L'événement est terminé.

Date

Août 04 2024
Expiré!

Heure

11:00

Lieu

Centre Culturel Gouschteng

Organisateur

Gaart an Heem Gouschteng-Beyren
QR Code
Aller au contenu principal